© RTL

Extrait aus dem PISA Wëssensmagazin

Et kann een en Eemer Waasser op d’Kopp halen ouni datt d’Waasser erausleeft, just andeems een et séier genuch dréint. D’Waasser ass dobäi allerdéngs just maximal ¼ Sekonn op der Kopp. Des Zäit wollt de Mr Science a sengem Experiment steigeren, an huet probéiert ob en Eemer Waasser an engem Fliger och während engem Looping net ausleeft.

Firwat kann d’Waasser am Eemer bleiwen?

Als Erkläerung gëtt dacks vun der sougenannter Zentrifugalkraaft geschwat. Ma méi korrekt ass, dass et sech em d'Auswierkung vun der Trägheet (Inertie) handelt.

D’Waasser ass eng Mass, an eng Mass déi a Beweegung kënnt, wëll dës Bewegung bäibehalen. Z.B. eng schwéier Eisekugel déi op engem ganz glate Buedem emol rullt, rullt esou laang weider bis se vun iergend eppes gebremst gëtt. Dëse Phänomen nennt sech Trägheet oder Inertie.

D’Waasser am Eemer beweegt sech an huet, wéi alles wat sech beweegt, Tendenz riicht aus ze goen, mee et gëtt vum Eemer an eng Kreesbeweegung forcéiert an ännert also permanent d’Richtung vu senger Bewegung, an zwar no där Säit wou den Zentrum läit. Den Eemer dréckt d’Waasser also dohin, an als Reaktioun dréckt d’Waasser widder den Eemer. Well dat an déi aner Richtung geschitt, also vum Zentrum ewech, gëtt dacks vun enger sougenannten Zentrifugalkraaft geschwat. Mee opgepasst, a Wierklechkeet ass et keng Kraaft. Et ass just d'Auswierkung vun der Trägheet!

D‘selwecht ass dat, wa mir op engem Karussell sinn. Mir fillen eis sou, wéi wa mer no bausse géife gezu ginn, mee a Wierklechkeet gi mer vum de Ketten oder de Staange vum Karussell zu der Mëtt vum Karussell hi gezunn. Ouni des tatsächlech existéierend Kraaft géing eise Kierper wéinst senger Trägheet riicht aus goen.

Klappt d'Experiment och mam Looping am Fliger?

Wat den Eemer méi séier op der Kreesbunn ass, wat d’Waasser méi fest an den Eemer "gedréckt" gëtt. Fir datt d’Experiment mam Looping am Fliger klappt, ass also d’Vitess mat där een de Looping flitt ganz entscheedend. An der Theorie klengt et machbar, mee op dat dann och a Wierklechkeet geklappt huet, dat gesitt dir am Video.

D’Experiment gouf mat Hëllef vun der LFTA realiséiert.

Auteur: Joseph Rodesch (FNR)
Editeur : André Mousset
Produktioun: RTL

Auch interessant

Wie von Zauberhand Bewege einen Strohhalm, ohne ihn zu berühren!

Versuche bei diesem Experiment einen Strohhalm auf einer Plastikflasche zum Drehen zu bringen, ohne ihn dabei zu berühre...

FNR
Concours national Jonk Fuerscher Eine maßgeschneiderte Anwendung für den Versand verschlüsselter Nachrichten

Wie schützt man sich vor Hackern? Ege und Prem, Preisträger des nationalen Wettbewerbs Jonk Fuerscher 2020, präsentieren...

FNR ATTRACT Fellow Alex Redinger Forschung für bessere Solarzellen

Alex Redinger und sein Team nutzen ein Rastertunnelmikroskop um die Oberfläche von Solarzellen sichtbar zu machen. Wie f...

Auch in dieser Rubrik

eisbaden
Waarm Gedanken Kann eist Gehier bewosst Keelt ofstellen?

Bis zum Hals an Äiswierfele stoen: De Weltrekord dofir läit bei zwouanenghallef Stonnen! Mr Science, brauch een dofir e besonnesch staarke Wëllen?

FNR
Person sitting on couch with hat, freezing.
Äiskal ofhuelen Kann een ofhuelen, andeems een doheem d'Heizung erofdréint?

Eise Kierper brauch Energie, fir permanent op Betriebstemperatur ze bleiwen. Kann een dat notzen an duerch manner Hëtzen ofhuelen?

FNR
Kënschtlech Intelligenz Kënne KI’en eis bewosst uléien ?

Kënschtlech Intelligenzen schloen eis am Schach, Go a Poker, erkenne Gesiichter a Sprooch. Kënne KI'en eis mëttlerweil och bewosst uléien?

FNR