Loftbäll sinn aus Naturkautschuk- e geniaalt Material wat enorm stabil an elastesch ass. Firwat platzt en awer sou séier wann ee mat enger Orangëschuel méi no kënnt?
Kaum denkbar datt ee senge Gäscht e Kuch zerwéiert wou ee virdrun seng Mikroben drop geblosen huet. Mir verroden en Trick wéi een en trotzdeem ausblose kann!
Pech a Wäschmëttel oder Maisstäerkt a Shampoing, an e bësse Liewensmëttelfaarf – méi brauchs Du net fir dëst glibbregt Experiment – extra fir Halloween!
D’Melanie vu science.lu weist dir am Experiment vun Dag wéi een aus engem Loftballon, enger Fläsch an engem Spiiss e Bou baut mat deem ee schéisse kann.