FNR

De Joseph vu science.lu weist dir am Experiment vun haut wéi ee mat enger Mënz (oder enger Mudder) an engem Ballon Téin produzéiere kann. Stiech eng 10 Cent Mënz (dës huet Rillen) an e Loftballon a blos en op. Dréin de Ballon elo sou an der Hand ronderëm datt d’Mënz sech am Ballon opriicht a wéi e Rad ronderëm dréint. Duerch d’Rillen op der Mënz entsteet e reegelméissegt Klappgeräich op der Ballonshaut an dëst produzéiert en Toun. Dësen ass méi hell wat d’Vitesse vun der Mënz méi grouss ass. Ab 20 Klappgeräischer pro Sekonn (20 Herz) héiert eist Ouer en Toun.

Wärend der ganzer Zäit vum COVID-19 Homeschooling verfilme mir vu science.lu all Dag ee klengt Experiment fir Dech, wat ee mat wéineg Material doheem nomaache kann. Eis Zieler: Dech virwëtzeg maachen, Dech un d’staunen kréien an Dir d‘Freed um experimentéiere weider ginn.

Kuck net just de Video mee maach d‘Experiment no!

Dat mécht vill méi Spaass an dobäi mécht een dacks nach aner intressant Beobachtungen. Also sich d’Material an da lass!

Heiansdo klappt et net bei der éischte Kéier – dat ass normal – kuck de Video nach emol genee oder sich am Internet no enger anerer Beschreiwung vum Experiment.

Vill Spaass beim nomaachen!

Däin Team vu science.lu

#Experimenterdoheem – Concours

Film Dech oder maach eng Foto beim Experimentéieren a probéier bei eisem Concours ze gewannen.

Méi Infoen fënns Du hei:

Auch interessant

pH-Indikator Unterscheide Säuren und Laugen mit Hilfe von Rotkohlsaft

Chemiker nennen Stoffe wie Rotkohlsaft Indikator. Indikatoren ermöglichen es festzstellen, ob eine Flüssigkeit eine Säu...

COVID-19 Homeschooling Experimenter Looss eng Mënz verschwannen

D'Marianne weist Dir wéi een eng Mënz ënnert engem Glas verschwanne loosse kann.

FNR
COVID-19 Homeschooling Experimenter Dréin e Waasserglas op d’Kopp ouni datt et ausleeft

De Joseph vu science.lu weist dir am Experiment vun haut wéi een e Glas Waasser op d’Kopp dréint ouni datt et ausleeft.

FNR

Auch in dieser Rubrik

pH-Indikator Unterscheide Säuren und Laugen mit Hilfe von Rotkohlsaft

Chemiker nennen Stoffe wie Rotkohlsaft Indikator. Indikatoren ermöglichen es festzstellen, ob eine Flüssigkeit eine Säure oder eine Lauge ist.