FNR

Schéi Feierdeeg wënscht d'Science in Society-Team vum Fonds National de la Recherche!

Hues du dech scho mol gefrot, wéi en Toun entsteet? Aus engem Schallimo kanns Du Dir ee Museksinstrument bastelen an domadder net nëmmen Téin produzéieren, mee och spieren.

Wéi een eng Schallimo-Flütt bastelt

Dofir drécks de een Enn vun engem Plastiks-Schallimo platt a schneits da mat enger Schéier lénks a riets en Eck ewech, sou datt eng dräieckeg Spëtzt entsteet.

Fir lo en Toun ze produzéieren muss de e bëssen experimentéieren. Et klappt villäicht net direkt, also net direkt opginn!

Huel déi dräieckeg Spëtzt vum Schallimo an de Mond, rull deng Lëpsen e bëssen no bannen a press de Schallimo liicht mat de Lëpsen zesummen. Da fest blosen, bis en „Tröööt“ ze héieren ass. Eventuell muss de de Schallimo e bësse méi déif oder manner déif an de Mond stiechen, an/oder deng Lëpsen e bësse méi oder manner fest op de Schallimo pressen.

Huet et geklappt? Da probéier mol wat geschitt, wann s du de Schallimo e bësse méi kuerz méchs andeems de op deem aneren Enn (also net bei der dräieckeger Spëtzt e Stéck ofschneits). Mat Schallimoen vun ënnerschiddleche Längte kann een da souguer den „Jingle Bells“ spillen, deen aus 5 verschiddenen Nouten oder Téin besteet.

Wéi en Toun entsteet

Wat hues Du op Denge Lëpse beim „Tröööt“ gespuert? Huet et e bësse gekribbelt? Dat ware Vibratiounen. Wann s Du an d’Flütt bléis entsteet e Loftstroum, deen déi dräieckeg Spëtzte vum Schallimo ganz séier vibréiere léisst. Des Vibratiounen setze Loft am Schallimo a Beweegung, an des kënne mir dann als Geräisch respektiv Toun héieren.

Kuck net just de Video mee maach d‘Experiment no!

Dat mécht vill méi Spaass an dobäi mécht een dacks nach aner intressant Beobachtungen. Also sich d’Material an da lass!

Heiansdo klappt et net bei der éischte Kéier – dat ass normal – kuck de Video nach emol genee oder sich am Internet no enger anerer Beschreiwung vum Experiment.

Vill Spaass beim Nomaachen a schéi Feierdeeg wënscht d’ganz Science in Society-Team vum Fonds National de la RechercheAngelina, Jean-Paul, Joseph, Linda, Melanie, Michèle a Sonia

Auteur vum Text : Michèle Weber (FNR)
Editeur vum Video : Joseph Rodesch (FNR)

Auch interessant

Weihnachtsexperiment Bastele einen Stern mit Zahnstochern!

Mit diesem kleinen Science-Trick könnt ihr die Gäste auf eurem Weihnachtsessen begeistern!

FNR
Experiment  Firwat kann eng Orangëschuel e Loftball platzen? 

Loftbäll sinn aus Naturkautschuk - e geniaalt Material wat enorm stabil an elastesch ass. Firwat platzt en awer sou séie...

FNR
Wie von Zauberhand Bewege einen Strohhalm, ohne ihn zu berühren!

Versuche bei diesem Experiment einen Strohhalm auf einer Plastikflasche zum Drehen zu bringen, ohne ihn dabei zu berühre...

FNR

Auch in dieser Rubrik

De Schocki-Effekt Spill eng Tounleeder an der Kaffistaass 

Entscheedend fir dëst Experiment ass de (Mëllech)schaum. Dësen ka Loft an der Flëssegkeet bannen an erausloossen. 

FNR
Weihnachtsexperiment Bastele einen Stern mit Zahnstochern!

Mit diesem kleinen Science-Trick könnt ihr die Gäste auf eurem Weihnachtsessen begeistern!

FNR
Experiment  Firwat kann eng Orangëschuel e Loftball platzen? 

Loftbäll sinn aus Naturkautschuk - e geniaalt Material wat enorm stabil an elastesch ass. Firwat platzt en awer sou séier wann ee mat enger Orangëschuel méi no kënnt?

FNR